Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.310 Tester waren der 175 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 786 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 121 Persounen hospitaliséiert, dovunner 38 op der Intensivstatioun, een dovun aus dem Grand-Est.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.939 aktiv Infektiounen. 61.594 Persoune gëllen als geheelt.

1.141 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 283 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 165.515 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO