Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.045 Tester waren der 182 positiv, keng weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 806 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 84 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.206 aktiv Infektiounen. 65.736 Persoune gëllen als geheelt.

3.854 Mënsche kruten e Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 3.332 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 255.678 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,89. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO