
Aktuell sinn 37 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 770.501 Impf-Dosisse genotzt. 451 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 402 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.