
Aktuell sinn 143 (+5) Persounen hospitaliséiert, dovunner 25 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.804 aktiv Infektiounen a 57.092 Persoune gëllen als geheelt.
2.298 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 593 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 92.574 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,02. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.