Coronavirus zu LëtzebuergVun 12.244 Tester waren der 281 positiv, 3 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt 3 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL Archivbild

Am Ganze sinn et elo 517 Doudeger.

Aktuell sinn 104 (-19) Patienten hospitaliséiert, dovunner 28 (-4) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

CORONAVIRUS – RAPPORT JOURNALIER

Back to Top
CIM LOGO