
Aktuell sinn 116 Persounen hospitaliséiert, dovunner 31 op der Intensivstatioun, een dovunner aus dem Grand-Est.
3.505 Mënsche kruten e Freideg hir 1. Dosis, fir 2.181 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 159.110 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,90. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
