
Vum 1. Mee bis den 30. September ass d'Schwammsaison zu Lëtzebuerg nees op. Nieft dem Stauséi dierf een da vun e Freideg un och rëm am "Wämper Séi" zu Wäiswampech, am Iechternacher Séi an an de Baggerweieren zu Rëmerschen schwamme goen.

Wéi d'Waasserwirtschaftsamt matdeelt, gëtt d'Qualitéit vun de Gewässer déi ganz Saison iwwer reegelméisseg kontrolléiert an analyséiert. Um Enn vun der leschter Saison war d'Qualitéit um Stau an och zu Wäiswampech um Séi (Zon 1-4), souwéi op de Baggerweieren zu Rëmerschen (Zon 1-4) "excellent". Zu Iechternach gouf d'Zon, an där ee schwammen dierf, als "gutt" klasséiert.
Déi genee Zonen a Kontrollpunkte kënnt Dir um Site vum Waasserwirtschaftsamt nokucken.