
Am Koalitiouns-Accord war um Enn vun der Legislatur-Period eng nei Indexéierung versprach ginn. Vun 2022 u soll d'Präisdeierecht och beim Kannergeld en compte geholl ginn, esou d'Annonce vun der Familljeministesch Corinne Cahen e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d'Aarmut zu Lëtzebuerg.
Et wier e wichtege Schrëtt, esou d'Ministesch, nodeems iwwert déi lescht 3 Regierungen d'Prestations en nature „massiv“ ausgebaut goufen. Elo misst och d'Prestations en espèces nogebessert ginn.