Coronavirus zu LëtzebuergVu 6.021 Tester waren der 113 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 832 läit.
© RTL

Aktuell si 40 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 768.512 Impf-Dosisse genotzt. 429 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 467 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO