Coronavirus zu LëtzebuergVu 5.864 Tester waren der 89 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 828 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 747.315 Impf-Dosisse genotzt. 340 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.196 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO