
Aktuell si 40 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 771.470 Impf-Dosisse genotzt. 576 Leit kruten e Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 392 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.