Coronavirus zu LëtzebuergVu 4.310 Tester waren der 97 positiv, 1 Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 833 läit.
© RTL-Archivbild

Aktuell si 38 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 769.652 Impf-Dosisse genotzt. 660 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 484 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO