
Och de Projet Alpha gesäit den SEW kritesch. Et wier nach net noweisbar, datt doduerch d'Leeschtunge vun de Schüler verbessert ginn. D'Enseignantsgewerkschaft verweist dobäi och op déi schlecht PISA-Resultater, virun allem bei der Lieskompetenz. D'Politik misst méi op d'Realitéit um Terrain lauschteren, esou nach den SEW-OGBL.