Nordrhein-WestfalenVirolog mécht Etüd, fir Donkelziffer vu Corona-Infektiounen erauszefannen

Fanny Kinsch
Pierre Jans
Zu Lëtzebuerg sollen deemnächst Tester gemaach ginn, fir ze kucken, wéi vill Leit géint de Coronavirus immun sinn.
Etüd, fir Donkelziffer vu Corona-Infektiounen erauszefannen
Zu Lëtzebuerg sollen deemnächst Tester gemaach gi fir ze kucken, wéi vill Leit géint de Coronavirus immun sinn.

Dat ouni datt se onbedéngt gemierkt hunn, datt se en haten.

Dat hat d'Regierung leschte Freideg annoncéiert.

Op anere Plaze lafe scho Studien, déi sech domat beschäftegen, wéi verbreet de Virus effektiv ass, notamment zu Gangelt an Nordrhein-Westfalen, wou et vill Infektioune gouf.

Etude Streeck/Reportage Fanny Kinsch

Eng Etüd, déi mat ganz vill Interessi suivéiert gëtt - wéinst de villen Ufroe vun der Press huet de Virolog Professer Hendrik Streeck, deen de Projet leet, per Video-Konferenz op eng ganz Rei Froe geäntwert. Zil wier et, d'Donkelziffer vu Corona-Infektiounen z'ermëttelen. Fir representativ ze sinn, mussen 1.000 Persounen, respektiv 300 Stéit, getest ginn. 
"Was wir in diesem Teil der Studie maachen ist, dass wir zum einen schauen ob jemand der Zeit aktiv infiziert ist im Rachen (...) zum Anderen führen wir die Anti-Körper-Tests durch an allen Teilnehmern."

Genee ënnert d'Lupp geholl ginn zousätzlech sämtlech Participanten un engem Fuesent-Evenement Mëtt Februar, dat als Hotspot gëllt. D'Leit gi getest an et gëtt iwwer Interview versicht nozevollzéien, wéi si mateneen interagéiert hunn.

"Saßen sie zusammen, an ähnlichen Tischen, waren sie in den gleichen Tanzgruppen, haben die sich in den Pausen unterhalten, das sind alles Fragen, die wir versuchen zu eruieren, und was uns da fast am meisten interessiert sind die Menschen, die sich nicht infiziert haben. Was haben sie anders gemacht als infiziert haben. Und daraus Rückschlüsse ziehen zu können, was gegebenenfalls sinnvolle Maßnahmen sein können."

Da ginn d'Fuerscher an déi Stéit, an där et infizéiert Persoune gëtt, kucken a sammelen Donnéeën.

"Wir haben jetzt, wenn wir Infektionen festgestellt haben, haben wir sie gebeten nicht zu putzen, nicht aufzuräumen, sondern wir kommen in den Haushalt und wollen Abstriche von den Türklinken nehmen, von der Fernbedienung, Toilettenabwasser nehmen, um zu verstehen ob sich dort das Virus noch aufhält."

Iwwerdeems gëtt suivéiert, wéi eng Leit op der Intensivstatioun sinn, respektiv stierwen, fir erauszefannen, wéi ee si am beschte protegéiere kann an d'Mataarbechter aus dem Spidol gi reegelméisseg getest.

D'WHO huet e Protokoll ausgeschafft fir dës Zort Etüden, un déi sech dem Hendrick Streeck seng Ekipp och hält. Dat hätt de Virdeel, datt een duerno Studie vu verschiddene Plaze gutt matenee vergläiche kéint an och erausfanne kann, wéi eng Facteuren dozou bäidroen, ob vill Leit stierwen oder net.

Back to Top
CIM LOGO