Um Mëttwoch Vill Verstéiss bei grousser Verkéierskontroll op der Liaison Micheville

RTL Lëtzebuerg
Derbäi goufen op Lëtzebuerger Säit 39 Verstéiss géint de Code de la route festgestallt.
© Police

D'Lëtzebuerger an déi franséisch Police hunn eng gemeinsam Kontroll gemaach.

An 11 Fäll hu Chauffere missten 145€ berappen a kruten zwee Punkten ofgeholl wéinst ze héijer Vitesse.

Zwéin Automobiliste kruten de Führerschäin op der Plaz ofgeholl.

Si ware mat 120km/h respektiv 117km/h ënnerwee, wou 70 erlaabt ass.

© Police

Back to Top
CIM LOGO