
328 Avise koume vu Privatleit, 27 Avise vun Associatiounen an Institutiounen. Domadder huet déi ëffentlech Consultatioun vum PNEC, dem nationalen Klima- an Energieplang dat erreecht wat, d’Regierung envisagéiert huet, d'Leit matschaffe loossen.
Vill vun deenen Avise géifen e konkrete Fuerplang fuerderen, heescht et aus dem Ëmweltministère. Deelweis géif och méi een héijen CO2-Präiss gefuerdert ginn. Elo géif een am Ministère sech d’Recommandatiounen aus den eenzelen Avisen ukucken. An dann de Fall ginn, de PNEC unzepassen. Duerno geet den Text nach emol an de Regierungsrot.
Bis den 29. Mäerz konnten d’Bierger an d’Organisatiounen hir Suggestiounen a Revendikatiounen am Kader vun enger ëffentlecher Consultatioun beim Ministère eraginn. Dat huet och d’Salariatskammer gemaach.
Eng ekologesch Transitioun funktionéiert just, wann d’Bierger mat op de Wee ginn. Dat bedeit och, datt d’Residenten net duerfen d’Gefill hunn, datt d’Recettë vun zum Beispill enger CO2-Steier just geduecht sinn, fir d’Staatskeesen ze fëllen, esou d’Chambre des Salariés an hirem Avis. Fir si ass déi sozial Komponent am nationale Klima- an Energieplang net zeréckzefannen. Zum Beispill ebe beim Modell vun der CO2-Steier, deen net genuch konkretiséiert wier. Et muss do méi vun der Regierung informéiert ginn, mengt d’Salariatskammer. D’Leit mussen iwwert den Enjeu, den Effect incitatif, de Fonctionnement, d’Mechanismen an déi sozial Kompensatiounsmesuren informéiert ginn. Anengems schléit d’CSL vir, datt d’Recettë vun der CO2-Steier zu 100 Prozent a Kompensatiounsmesure fir manner gutt opgestallte Stéit fléissen. Zum Beispill iwwer Steierkreditter. Gëllt et nach ze definéieren, wat ee Ménage à faible revenu ass, esou d’CSL. Ënnert dem Stréch mengt si: "Le but doit être un modèle qui réduit au maximum le nombre de ménages perdants de la réforme, tout en gardant l’effet incitatif de la taxe intact."
Weider heescht et an der Nott, datt de Montant vun 20 Euro pro Tonn CO2, déi an Zukunft gëlle sollen, an dann déi nächst zwee Joer ëm 5 Euro an d’Luucht ginn, muss gehéicht ginn. Soss géif een näischt um Verhale vun de Leit änneren.
Et wier och net nëmmen um Verbraucher, säi Verhalen ze änneren, mä och un der Politik an de Wirtschaften. Allerdéngs géif et eng Inkoherenz ginn tëscht der Wirtschaftspolitik an den Efforten, déi an der Ekologie gemaach ginn. An den Accorden, déi um internationale Parquet elaboréiert ginn, géif d’Ekologie kaum eng Roll spillen. Géif een ufänken awer duerch eng Taxe hei Drock auszeüben, riskéiert een, datt ganz Industrien a Länner, wou d’Ekologie net esou wichteg ass, auswanderen. Dofir proposéiert d’CSL eng nei Constellatioun: le Club de Pays. Eng Constellatioun, déi déi selwecht Objektiver bei der Reduzéierung vun CO2-Emissiounen deelt, déi d’Wueren aus Länner, déi deem Grupp net ugehéieren, taxéiere géif.
Bei de staatlechen Hëllefen, fir zum Beispill bei der energetescher Sanéierung, kritiséiert d’CSL, datt d’Primme kee sozialen Koeffizient hunn. D’Aidë wiere fir jiddereen d’selwecht. Dofir fuerdert d‘Salariatskammer hei eng Reform vun deenen Hëllefen. D’CSL proposéiert och, datt de Staat scho finanziell hëllefe kéint, soubal een Devis um Dësch läit, fir datt d’Leit net de ganze Pre-Finanzement eleng droe mussen. Wat d’Reduktioun vun CO2-Emissiounen duerch de Verkéier op der Strooss ugeet, mengt d’CSL, datt nach weider muss an den ëffentlechen Transport investéiert ginn. Entretemps dierften awer net déi Leit bestrooft ginn, déi op den Auto zeréckgräifen, well an hirer Géigend d’Offer vum ëffentlechen Transport net ausgebaut ass. D’CSL recommandéiert der Regierung och am Kader vum Aménagement du territoire, opzepassen, wou gebaut gëtt. Fir all Wunnengsprojet misst gekuckt ginn, wéi déi geographesch Lag ass an och wéi et mam Reseau vum ëffentlechen Transport ausgesäit.
Den 29. Mäerz ass jo déi ëffentlech Consultatioun vum PNEC an d’Méiglechkeet vun de Bierger an Organisatiounen een Avis ofzeginn, ofgelaf. D'Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique hat scho Mëtt Februar op de PNEC reagéiert an an hirem Avis kritesch Téin ugeschloen.
Kee Wuert iwwert de Wuesstem. De Mouvement écologique geet net zimperlech mam nationale Klima- an Energieplang vun der Regierung ëm. Et kéint ee sech d’Fro stellen, ob d’Parameteren an d’Previsiounen, déi am PNEC gemaach ginn, korrekt a fiabel sinn, esou de Mouveco a sengem Avis. Ouni wierklech d’Fro vum Wuesstem unzegoen, bleiwen d’Objektiver, déi ee sech wëll ginn, net z‘erreechen. De Mouveco schwätzt vun engem "Hirngespinst". Wann ee bis konkret Previsiounen hätt, misst de PNEC dann och deementspriechend ugepasst ginn.
Allerdéngs géifen et nach weider Lacunnen am Projet vun der Regierung ginn: vun engem feelende Kalenner ass Rieds, vun engem floue Projet ouni konkret Mechanismen. D’Instrumenter, mat deenen een d’Objektiver wéilt erreechen, wieren net gutt genuch elaboréiert a formuléiert.
CO2-Steier wier ee vun den zentralen Elementer, mat deem ee méi Klimaschutz wëll erreechen. Ma och hei bleiwen nach vill Froen op. Zum Beispill déi vun der sozialer Komponent, esou de Mouvement écologique.
Wann ee Wëllen do ass, da kann d’Regierung drastesch Mesure mobiliséieren. Där Meenung ass Greenpeace mat Bléck op d’Corona-Kris a gläichzäiteg op den nationale Klima- an Energieplang. An der sanitärer Kris géif ee gesinn, datt wann d'Determinatioun do ass, och bedeitend finanziell Mëttel agesat ginn. Dat wënscht sech Greenpeace och am Kampf géint de Klimachangement, wou et ëm d’Iwwerliewe vu Millioune Mënsche geet.
Och Greenpeace stellt sech nach Froen a mécht eng Rei Suggestiounen. D’Ëmweltorganisatioun schwätzt zwar vun engem ambitiéise Plang, deen d’Regierung virgeluecht huet, allerdéngs zweiwelt si dorunner, datt d’Objektiver reell kënnen erreecht ginn, well de Sujet nach ëmmer net d’Prioritéit vun der Regierung wier. An der Photovoltaik- a Konstruktiounsbranche feelt et zum Beispill u kompetentem Personal, fir d’Projeten an d’Realitéit ëmzesetzen. Zwar wier eng Formation continue an deem Beräich virgesinn, mä et feelt Greenpeace un Energie-Hubs an der Groussregioun an och un engem Ausbildungszenter fir Professioneller aus dem Secteur.
Wat déi konkret Objektiver ugeet, déi mam PNEC solle bis 2030 erreecht ginn, géif Greenpeace nach e Schratt méi wäit goen. Bis 2030 soll den Emissiounsausstouss dem Plang no ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. Greenpeace fuerdert eng Baisse vun 65 Prozent bis 2030. Bis 2050 wëll een hei am Grand-Duché jo klimaneutral ginn.
Op de Verkéier gekuckt an d’CO2-Emissiounen, déi do ausgestouss ginn, mengt Greenpeace, datt d’Regierung sech dofir sollt asetzen, datt scho vun 2025 un, dat heescht a 5 Joer keng Diesel- a Bensinsgefierer méi dierften zougelooss ginn. An net eréischt vun 2030 un, wéi et rieds geet. D’Ëmweltorganisatioun schwätzt sech dann och ganz kloer fir eng CO2-Steier aus.
Eng CO2-Bepreisung ass an den Ae vu Greenpeace de richtege Wee, allerdéngs ass de Montant vun deem geschwat gëtt, net héich genuch. D’Regierung gesäit jo 20 Euro pro Tonn CO2 vir (plus 5 Euro, déi déi nächst zwee Joer dobäi kéimen), dat geet Greenpeace net wäit genuch.
Bei den Energiefroen, begréisst d‘Ëmweltorganisatioun, datt d’administrativ Prozedure solle vereinfacht ginn. Konkret allerdéngs, wat d’Sanéierung zum Beispill vun alen Haiser ugeet, gesäit Greenpeace de Problem vun der Finanzéierung vun esou Sanéierungen. D’Klimaprêten fir energetesch Sanéierunge missten och op erneierbar Energien ausgeweit ginn. Et misst hei am Land och esou vill wéi méiglech méi eegen Energie produzéiert ginn. D’Ëmweltorganisatioun wiert sech dann och dogéint, méi op Biogas zeréckzegräifen, dat aus finanzielle Grënn, mä och wat d’Produktioun ugeet. "Diese Rohstoffe werden in Konkurrenz zur Lebensmittelproduktioun hergestellt", heescht et zum Beispill.
Wat d’Landwirtschaft konkret ugeet, weist sech Greenpeace frou doriwwer, datt den Undeel vu Biolandwirtschaft an den nächste Joren hei am Land soll an d’Luucht goen. Op 20 Prozent bis 2025. D’Subventiounen, déi de Bauere sollten zegutt komme fir eng Optimiséierung vun hire Betriber, sollt duerch ee Klima-Check gepréift ginn. Déi Analys wier onëmgänglech, esou Greenpeace.