
D'Froen dréinen ëm dat wat aus de Léierjongen- a meedercher gëtt, ëm de Chômage partiel, wéi eng Firmen dierfe schaffen a wéi eng net, iwwert d'Restriktiounen op de Grenzen respektiv Problemer vun der Tresorerie. Fir vill Betriber ass och d'Notioun vu "Chantier" onkloer, nodeems de Staatsminister en Dënschdeg annoncéiert huet, datt Schantercher bis spéitstens e Freideg misste komplett zougemaach ginn.
D'Hotline vun der Handwierkerkummer ass zäitweis esou iwwerlaascht, datt d'Patrone gefrot ginn, fir d'éischt den Internetsite cdm.lu ze consultéieren, wou schonn Dosende Froe beäntwert ginn.
Och sollt de Site gouvernement.lu fir praktesch Froe consultéiert ginn.
Den Nummer vun der Hotline bei der Chambre des Métiers ass den 42 67 67-550, mä wéi gesot gëllt virum Telefonsappell d'Opfuederung, de Site bei prakteschen Froen op ze sichen.