Samschdes moies um Hamilius, ronderëm d'Postgebai ass eng méi lass. Zanter dësem Januar ass de Stater Maart op dëser Plaz, zwee Mol an der Woch an dat déi nächst 2 bis 3 Joer. D'Maartleit hunn missen op des Plaz plënneren, well den Ament um Knuedler geschafft gëtt.
Lokal a regional Produite kréien d'Konsumenten offréiert. Vun Uebst, Geméis, Blumme bis hin zu frëschgebakene Pouleten.
Virun allem am Süde si ganz vill Mäert d'Woch iwwer. Sou ewéi zu Diddeleng. All Donneschde Moie kënnen d'Leit hei an der Forge du Sud ronderëm d'Gemengenhaus gutt Affäre maachen. Och zu Esch, Keel an ënner anerem Déifferdeng ass all Woch Maart. Da ginn et och all 14 Deeg Mäert oder ee Mol de Mount. Zanter der Pandemie huet et geheescht, sech der neier Situatioun unzepassen. An dat ass gelongen.
Eng 40 bis 50 Maarthändler ginn et hei zu Lëtzebuerg. Suerge maachen déi Responsabel vum Maartverband sech ëm den Nowuess. Éischter wéineg jonk Leit wäre gewellt, an dëser Branche ze schaffen. E Grond sinn déi laang Aarbechtsdeeg vun de Maartleit.