SantéskommissiounVill Froen ëm d’Covid-Tester

RTL Lëtzebuerg
D’Covid-19-Antikierpertester an d’Schnelltester fir de Sars-Cov2 sinn op Demande vun der CSV, Sujet en Dënschdeg de Moien an der Chamber-Santéskommissioun.

D'Regierung wollt jo d'ganz Populatioun teste loossen an huet entspriechend Commanden erausginn. Wéi Reporter Enn Abrëll awer gemellt hat, géinge sech vill Froe stellen iwwert d’Strategie vun der Regierung an iwwert d’Aart a Weis, wéi d’Commandë gemaach goufen. Dës goufen nämlech ouni Appel d’Offres – also Ausschreiwung - an ouni Transparenz gemaach. Donieft wieren Test-Kitten, déi vun deem enge Laboratoire geliwwert goufen, an en Stock sinn, net kompatibel mat deenen, déi d'Krisecellule vun engem anere Laboratoire krut. Reporter schreift, d’Regierung misst am Fong nei Commandë maachen, mat awer natierlech enger anerer Method.

Back to Top
CIM LOGO