Re-Ouverture CommerceVill Freed, ma och Onsécherheet bei Clienten a Patronen

Annick Goerens
Et war den 2. Dag vun der Re-Ouverture vun de Geschäfter. Mam gudde Wieder waren och däitlech méi Leit an der Stad ënnerwee wéi um Méindeg.

D’Maske sinn elo omnipresent, ma d'Geschäftsleit si genee wéi d’Cliente frou, nees e Stéckchen Normalitéit zeréckzekréien.

Ouni Exceptioun war all Mënsch, mat deem mir op der Stater Gare oder an der Uewerstad geschwat hunn, frou fir mol nees kënnen „ënnert d’Leit“ ze kommen, wéi ee sou schéi seet. Och wa verschidde Persounen trotzdeem nach veronséchert waren.

„Et ass fir d’éischt, dass mir an der Stad sinn säit elo 2 Méint. A mir fannen, dass et awer roueg ass. Mee mir sinn awer frou, fir nees kënnen heihinner ze trëppelen. Wat natierlech traureg ass, dass ee sech net elo bei dem schéine Wieder kann op eng Terrass sëtze goen an eppes drénken.“

„Ich find es auch eigentlich ganz schön. Es ist aber natürlich eine ganz neue Situation.“

„Also mir si schonn frou driwwer, mee ech denken nach ëmmer, dass et ze fréi ass.“

„Et ass natierlech komesch elo mat deene Maske ronderëm ze lafen, awer soss... mir si frou, dass mer mol erëm bësse kënnen akafe goen, jo.“

„Et ass déi éischte Kéier zanter 3 Méint, dass ech erausginn. An wann ech net hätt misse bei den Dokter goen, wär ech nach net hei.“

Fir d’Tina Fatone, Patrone vun engem Coiffeurssalon op der Gare, war et déck néideg, dass endlech nees opgemaach gëtt. Et géing een awer nach gewësse Retizenze bei de Cliente spieren.

„Et si vill Leit, déi nach fäerten, Clienten hu mir ugeruff a sote mir selwer, dass si nach net géinge kommen, well se nach Angscht hunn.“   

Natierlech waren och scho wärend dem Confinement net all d’Commercen d’selwecht vill affektéiert duerch d’Zoumaache vun de Butteker, sou zum Beispill de Marc Broers, Patron vun engem Vëlosgeschäft op der Gare.

„De Vëlo ass vill gefrot. D’Leit dierften ze Fouss goen, si duerfte mam Vëlo fueren. An do gesi mir schonn, dass mir och am Atelier schonn zimmlech besat sinn fir iwwert e Mount. A vun de Venten hier krute mir souvill Telefonen an E-Mailen, dass mir dat an den éischten Deeg net sou einfach wäerte packen. Mee mir maachen dat Bescht.“

Dem Karel Lambert gehéiert ee Fair-Kleeder-Buttek op der Gare, deen  um éischten Dag vun der Re-Ouverture well ganz gutt Chiffere konnt maachen. Et wär ee frou, nees dierfen opzemaachen, ma et hätt u konkrete Richtlinne vun der Regierung fir d’Butteker gefeelt.

„Mir wäre frou gewiescht, wann eppes komm wier, wou ganz genau klipp a kloer d’selwecht bei all Buttek gefuer gëtt, dann eben. Mir waren eis trotzdeem eens, dass wann elo Leit eppes umoossen, also vum ënneschte Kierper, dass mer déi Saachen net a Quarantän hänken a Saachen, déi ueweneriwwer gezunn ginn, dass mer dann dem Client soen, do besteet eng Gefor.“

Effektiv ginn et an all Geschäfter aner Reegelen. A verschiddene Butteker dierf ee carrement näischt umoossen. An anere ginn d’Kleeder nom Umoosse fir 24 Stonnen aus dem Geschäft geholl, nach anerer fueren duerno mat Desinfektiounsspray iwwer d’Kleeder. Op alle Fall ass et nach eng ongewinnten Situatioun fir d’Geschäftsleit, wéi fir d’Clienten.

Back to Top
CIM LOGO