
Eng 53.000 Leit waren opgeruff, bei de Wale fir d'Beruffschamber vum ëffentlechen Déngscht hir Stëmm ofzeginn. 27 Vertrieder esou wéi hir Ersatzleit goufe wärend dem Mäerz an der Fonction publique gewielt:25 vun de 27 Sëtz sinn dobäi un d'Kooperatioun CGFP-FGFC gaangen. Dovunner 21 vun 22 Sëtz fir d'CGFP bei de Staatsbeamten an d'FGFC kritt 4 vu 5 Sëtz beim Personal op der Gemeng.Esou bleiwe béid Gewerkschaften, déi duerch eng Kooperatioun verbonne sinn, un der Spëtzt am Secteur.