
An der Nuecht op e Samschdeg ass der Police en Automobilist zu Diddeleng an der Route de Kayl opgefall, deen ze séier a Richtung Keel gefuer ass. D'Stop-Zeeche vun der Police huet de Chauffer ignoréiert. Fir net vum Mann iwwerrannt ze ginn, ass ee vun de Beamten op d'Säit gesprongen. Ouni ze bremsen, ass de Chauffer op enger Kräizung duerch Rout gefuer a krut dobäi en aneren Auto ze paken. No enger Course-poursuite konnten d'Beamten de Mann op engem Parking am Zentrum stoppen. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Permis gouf agezunn. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet ordonéiert, den Auto ze saiséieren.
Eng Farerflucht gouf et e Freideg géint 17.30 Auer zu Wolz an der Rue Michel Thilges. Eng alkoholiséiert Persoun ass géint e Gelänner gefuer an huet sech dunn duerch d'Bascht gemaach. Se konnt awer vun der Police ermëttelt ginn. De Fürerschäi war de Chauffer nach op der Plaz lass an et gouf e Protokoll.
An der Lëtzebuerger Strooss zu Esch/Uelzecht koum et zu engem Accident mat Materialschued. Eng Persoun ass enger anerer drop gefuer. Och hei stoung den Automobilist ënner Alkoholafloss. Hien huet säi Fürerschäi missen ofginn.
Am Laf vun der Nuecht sinn nach 2 weider Chauffere wéinst hirem negative Fuerstil opgefall. A béide Fäll war den Alkoholtest positiv an déi betraffe Leit hire Permis lass.
Da goufen op Uerder vum Parquet nach e puer gréisser Alkoholkontrollen an der Nuecht op e Samschdeg duerchgefouert, dat zu Esch, am Neiduerf an an der Stad. 173 Persounen hu misse blosen. 14 Mol war den Alkoholtest positiv. Et goufe 5 Avertissements taxés, 4 Permise goufen agezunn.
Zu Uespelt an um Schlammestee goufen 128 Automobiliste kontrolléiert. Hei hu sech 7 Persounen ënner Alkoholafloss hannert d'Steier gesat. Et gouf 1 Avertissement taxé an 2 Leit duerften hire Fürerschäin net behalen.