IechternachVëlosfuererin fält a gëtt uerg blesséiert, de Rettungshelikopter war am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Geschitt war de Virfall e Samschdeg am Nomëtteg um kuerz no 16 Auer. Gefall war d'Fra ënnert der Bréck vun der N11, déi iwwert d'Sauer geet.
© RTL Archiv

D'Grënn wisou d'Cyclistin gefall ass, ass onkloer, sou d'Police. D'Fra gouf uerg blesséiert a koum mam Rettungshelikopter an d'Spidol. Leschten Informatiounen no géif den Ament keng Liewensgefor bestoen.

Back to Top
CIM LOGO