
E Samschdeg de Moie géint 7:40 Auer huet et um CR 161 tëscht Diddeleng a Beetebuerg gerabbelt. Wéi de CGDIS schreift, ass hei een Auto accidentéiert an eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Diddeleng.
Géint 10 Auer sinn op der Streck tëscht Capellen an dem Wandhaff zwee Gefierer net laanschtenee komm. Bei deem Accident sinn net manner wéi dräi Persoune verwonnt ginn. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz a si kruten Ënnerstëtzung vun enger Ambulanz vu Stengefort.
Am Samschdegnomëtteg gouf et dunn nach emol dräi Accidenter. Um 11:30 Auer ass tëscht Buerschent a Bierden e Moto accidentéiert. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Um Gaasperecher Kräiz si kuerz viru 15 Auer e Samschdeg de Mëtteg zwee Autoen net laanschtenee komm. Dat war och géint 16:30 Auer op der Escher Strooss zu Hollerech de Fall. Bei béiden Accidenter ass kengem eppes geschitt.