CGDIS-BulletinVéier Blesséierter bei dräi Accidenter an zwee Bränn

RTL Lëtzebuerg
Bei fënnef Asätz, déi de CGDIS e Samschdeg am Laf vum Dag gemellt huet, si véier Persoune blesséiert ginn.
© Laurent Weber

Nieft dräi Verkéiersaccidenter sinn d'Rettungsdéngschter e Samschdeg och wéinst engem Veranda- an engem Vegetatiounsbrand ausgeréckt.

Zu Rolleng ass géint 11 Auer e Feier op enger Veranda ausgebrach, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren ënner anerem dräi Ambulanzen, de SAMU an d'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng an dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng.

Kuerz drop ass et um CR304 tëscht Réiden op der Atert an Hueschtert zu engem Accident mat engem Moto komm. De Motocyclist gouf blesséiert a vum SAMU souwéi enger Ambulanz versuergt.

Eng weider blesséiert Persoun gouf enger Chute mat engem Moto um CR306 tëscht Kéiber a Gréiwels gemellt.

Géint 13:50 Auer koum et op der A4 a Richtung Stad, op der Brëtell op d'A6 a Richtung Arel, zu engem Accident mat zwee Autoen. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.

Zu Zéisseng hunn d'Pompjeeën um fréien Nomëtteg nach e Vegetatiounsbrand geläscht. Do gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO