Zu 5 am AutoUm 2.30 Auer duerch e puer rout Luuchten an duerno vu Police gestoppt

RTL Lëtzebuerg
Der Police ass um 2.30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg en Auto opgefall, deen an der Rue Notre-Dame an der Stad duerch e puer rout Luuchte gefuer ass.
© Police Archivbild

Nodeems d'Beamten de Won kuerz aus den Ae verluer haten, konnte si en an der Hollerecher Strooss nees ausmaachen. Si sinn dem Automobilist nogefuer, deen an der Autobunnssortie a Richtung Briddel konnt gestoppt ginn.

En Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Permis gouf agezunn. Déi 5 Leit am Auto kruten donieft e Protokoll an Héicht vun all kéiers 300 Euro well si géint d'Ausgangsspär verstouss hunn.

Back to Top
CIM LOGO