No 10 Joer Fonctionnaire ginn amplaz no 15Association des Employé(e)s de l'État begréisst Gesetzesprojet

RTL Lëtzebuerg
Net ganz iwwerraschend begréisst d'Association des Employé(e)s de l’État, dass een Employé an Zukunft "just" nach 10 an net wéi bis elo 15 Joer beim Staat schaffe muss, fir de Statut vum Fonctionnaire kënnen ze kréien.
E Mëttwoch hat d'Chamber unanime de Gesetzesprojet ugeholl, dee virgesäit, datt een an Zukunft no 10 Joer ka Fonctionnaire beim Staat ginn
© Marc Hoscheid (Archivbild)

D'Chamber hat den entspriechende Gesetzprojet e Mëttwoch unanime guttgeheescht. Et war en Uleies, dat d'AEE awer och d'CGFP scho laang haten.
D'Association des Employé(e)s de l’État wonnert sech e Sonndeg an engem Communiqué awer driwwer, dass am Parlament och kritesch Téin geäussert goufen. Deputéierter hate sech gefrot, ob de Statut vum Staatsbeamten net un Attraktivitéit verléiert, wann d'Entrée méi einfach gëtt. D'AEE erënnert drun, dass de Wiessel vun engem Statut an deen aneren u streng Konditioune gebonne wär. Och Employéeë missten Exame packen, hätten hiren Aarbechtspensum ze leeschten a missten eng Formatioun beim INAP maachen an dann de Promotiounsexamen packen, parallel zu de Fonctionnairen.

D'Schreiwes vun der AEE fannt Dir hei

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO