Formel 1De Lando Norris gewënnt de Sprint zu Miami

RTL Lëtzebuerg
Komplettéiert gouf de Podium bei dësem 2. Sprint vun der Saison vum Oscar Piastri an dem Charles Leclerc.
© CHARLY TRIBALLEAU / AFP

Am Sprint iwwer 19 Ronnen um Circuit vu Miami konnt de Weltmeeschter Lando Norris eng Start-Zil-Victoire feieren a sech 8 Punkte sécheren. De Britt huet sech viru sengem Coequipier Oscar Piastri an dem Charles Leclerc am Ferrari duerchgesat. Et ass domadder déi éischt Course vun der Saison, déi net vun engem Mercedes-Pilot gewonne gëtt.

De Kimi Antonelli (Mercedes), dee vu Plaz 2 an de Sprint gaange war, hat kee gudde Start erwëscht a gouf direkt vu Piastri a Leclerc iwwerholl. Domat louchen déi zwee McLaren-Piloten Norris a Piastri direkt op deenen zwou éischte Positiounen, dat virum Leclerc op Ferrari an dann deenen zwee Mercedes-Coequipieren Antonelli an George Russell. Op de Plaze 6 a 7 louchen de Lewis Hamilton (Ferrari) an de Max Verstappen (Red Bull). Hannendru war den Alpine-Dup Pierre Gasly a Franco Colapinto, an op Plaz 10 louch den Isack Hadjar op Red Bull.

Mercedes konnt och am Sprint net méi un déi dominant Leeschtunge vu virun der Paus uknäppen. Wärend de Leclerc dee ganze Sprint iwwer no um Piastri drubliwwen ass, konnt de Monegass seng Avance op den Antonelli an de Russell no an no ausbauen. Donieft huet de Verstappen den Hamilton no 10 Ronnen iwwerholl an den Hadjar huet et laanscht de Colapinto gepackt, ma soss huet sech an den ieweschte Placéierungen näischt méi gedoen, soudass et den Doublé fir McLaren gouf. No der Course gouf et awer nach eng 5-Sekonnen-Zäitstrof fir den Antonelli, deen domat op déi 6. Plaz hannert de Verstappen gerutscht ass.

E Samschdeg den Owend um 22h00 eiser Zäit ass de Qualifying fir d'Course e Sonndeg, deen Dir vun 21h55 un um RTL ZWEE an um RTL Play suivéiere kënnt.

Den Depart vun der Course ass dann e Sonndeg um 22h00, hei ass den Ufank vun der Emissioun um RTL ZWEE an RTL Play um 21h30.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 ARAMCO JAPANESE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO