CR373Uergen Accident tëscht Auto a Bus bei Stackem

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.45 Auer koum et hei zu engem uergen Accident. D'Streck tëscht der N12 an der N18 huet misste fir den Trafic gespaart ginn.

D'Police gëtt Prezisiounen zum Accident. En Automobilist war an enger Kéier op déi aner Spuer komm an an e Bus gerannt. De Chauffer gouf am Auto ageklemmt an huet missten mam Rettungshelikopter an d'Spidol bruecht ginn. De Buschauffer gouf nëmme liicht blesséiert. Passagéier waren den Ament vum Accident net am Bus.

Back to Top
CIM LOGO