
15.351 Persoune waren op den 30. November bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn der 943 méi wéi virun engem Joer. De Chômagetaux läit bei 5,4%. De Chômage ass also an de leschten 12 Méint geklommen, obwuel den Emploi wiisst: 3,7% an engem Joer.
Am November goufe knapps 2.900 oppe Plaze bei der Adem gemellt. Am Ganze sinn iwwer 7.100 fräi Aarbechtsplazen offiziell registréiert.
Am meeschte Leit ginn am Beräich Informatik, an der Compta an am Sekretariat gesicht.
