
Am Laf vum Donneschdegmoien ass an der Rue Sigefroi en Aarbechter vun der Gemeng Lëtzebuerg vun enger Mauer an d'Déift gefall. D'Mauer, op där hie stoung fir ze schaffen, hat noginn.
De Mann gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert.
D'Police technique war op Uerder vum Parquet op der Plaz, genee wéi d'ITM an d'Enquêtes spécialisées vum Service vun der Police judiciaire, déi mat enger Enquête, fir déi genee Ursaach vum Accident ze klären, chargéiert goufen, präziséiert d'Police op Nofro vun RTL.