Vun den 30 Betraffene waren der 11 illegal am Land a kruten den Uerder, de Grand-Duché ze verloossen. Fir déi aner 19 Ex-Detenuen heescht et entweder an en Noutlogement, en Nuetsfoyer oder op d'Strooss. Do klëmmt de Risiko, fir réckfälleg ze ginn.
Hëllefe kéinte sougenannten "Maisons de Transition". Dat fuerdert och d'ASBL "eran, eraus an elo...?", déi sech fir besser Haftkonditiounen zu Lëtzebuerg asetzt. D'Caritas hat viru Jore scho versicht, en entspriechende Projet ëmzesetzen. Dozou ass et awer bis haut net komm.
D'Maison de Transition, dat wär en Haus fir eng kleng Communautéit, Studioen oder kleng Zëmmere fir Eenzelpersounen oder Zëmmeren a Foyeren, wou Ex-Detenuen, déi keen Doheem hunn, nees lues a lues Fouss am Liewe faasse kéinten. Am Ausland gëtt et dat schonn.
En zentraalt Element vum Transitiounshaus ass den Encadrement vun den Ex-Prisonéier. Dës misst scho virun der Entloossung ufänken, datt et net zu enger Rupture kéim, mee e fléissenden Iwwergang tëscht Fräiheetsstrof an Entloossung garantéiert wär, erkläert de Marc Pauly vu Caritas Accueil et Solidarité asbl. Dat wär haut net de Fall.
E sougenannte Case- oder Fallmanager sollt dësen Encadrement wärend der ganzer Transitiounsphas assuréieren an den Ex-Prisonéier hëllefen, d'Wunnsituatioun ze reegelen, eng Aarbechtsplaz fannen, de Revis unzefroen an och bei gesondheetleche Froe weiderhëllefen.
Wa Prisonéier zu Lëtzebuerg am Virfeld vun hirer Entloossung keng Wunneng hunn, freet de Service de Probation vum SCAS bei de sozialen Acteuren un, ob si Plaz an hire Wunnstrukturen hunn. Dacks wier awer näischt fräi, seet d'Caritas, déi aktuell 50 Ufroen huet vu Persounen an enger prekärer Wunn-Situatioun.
Trotz verdéiften Etüden a Workshoppe mat Experten a betraffenen Acteure krut d'Caritas 2019 de Budget fir e Pilotprojet vun engem Transitiounshaus net accordéiert. D'Justizministesch sot rezent an engem Interview, d'Famillen an d'Justiz hätte selwer en entspriechende Projet ausgeschafft, deen um Punkt wär, fir am Regierungsrot presentéiert ze ginn.
Op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Paul Galles gouf kuerz drop nach preziséiert, dës Ex-Detenue sollen d'selwecht gehollef kréie wéi aner Leit mat vergläichbare Problemer a vun de selwechte Reseauen a Strukture profitéieren. Fir de Marc Pauly kléngt dat, wéi wann alles beim Ale bleiwe wäert.
RTL-Artikel: Op eemol fräi... a verluer: Prisonéier kënnt onerwaart aus dem Prisong
RTL-Artikel: No RTL-Reportage: Onerwaart op fräiem Fouss: D'Justizministesch reagéiert