Kuerz virun 12 Auer war hei e franséische Militärfliger gelant, fir 5 Patienten aus dem Grand-Est op Breno an déi Tschechesch Republik ze bréngen.
D'Ambulanze stounge prett um Tarmac, ma ier d'Patienten an den Airbus konnte bruecht ginn, gouf déi ganz Aktioun stënterlech ofgesot.
D'Leit vum CGDIS, déi d'Koordinatioun um Findel assuréiere sollten, goufen ouni weider Explikatioune fortgeschéckt.
D'Ambulanzen hätten d'Patienten nees zréck a Frankräich bruecht, dat schreift de Républicain Lorrain. De Grond vun der Annulatioun wär bis ewell net public gemaach ginn a verschidden Acteure vun der Krise-Gestioun géife sech Froe stellen, esou nach d'Zeitung.
Vu Lëtzebuerger Säit hate weder de CGDIS, nach d'Santé weider Informatiounen iwwer dës dach erstaunlech "Réckruffaktioun".
Op RTL-Nofro hin huet d'Direktioun vun der franséischer Santé e Méindeg den Owend eng Erklärung ginn. Zanter Ufank Abrëll géifen am Grand Est net méi esouvill Patienten an d'Reanimatioun ageliwwert. Déi nei Krankheetsfäll kéinten deemno an de Spideeler vun der Regioun betreit ginn. A wären esou och méi no bei der Famill.
Ausserdeem géif d'Epidemie sech och an Ost- an Zentral-Europa ausbreeden. Aus all dëse Grënn solle bis zu engem neien Uerder keng Transferten vu Patiente aus Frankräich an d'Ausland méi gemaach ginn.
Et géif een déi kuerzfristeg Decisioun bedaueren, mee se wär eenzeg an eleng am Interessi vun de Patiente geholl ginn.
