Vum éischten Dag vum Confinement u goufen et manner Patienten. Dat seet de Patrick Obertin, President vun der lëtzebuergescher Kinésassociatioun.
Zanter Mëtt Mäerz ginn nëmmen nach Patienten, fir déi eng Seance beim Kiné en "acte prioritär" ass, traitéiert. Dobäi kommen eng ganz Partie Mesuren, déi d'Santé virgesäit, fir iwwerhaapt kënnen ze schaffen.
De Patrick Obertin: "Et gëtt gelëft, et gëtt och nëmme mat engem Patient an engem Sall geschafft, et gi keng Gruppe-Behandlunge gemaach, et muss tëscht all Patient genuch Zäit sinn, fir de Raum nees propper ze maachen, genausou wéi de Wartesall muss propper gemaach ginn no all Patient. Mir musse Masken undoen, mir mussen eng Distanz halen, wann et méiglech ass, d'Hänn musse gewäsch ginn an da gi mir och dovunner aus, dass a priori just Covid-negativ-Patiente behandelt ginn. Dat heescht mir maachen e Screening, wann de Patient urifft. Mir ginn dovunner aus, dass de Patient negativ ass, wann en erakënnt a mir ginn dovunner aus, datt mir negativ sinn, wa mir e behandelen. An deementspriechend mengen ech, datt eng Iwwerdroung / Transmissioun relativ kleng ass."
D'Aarbecht ass elo eng aner, duerch déi néideg Mesurë kënnen natierlech vill manner Patiente behandelt ginn. Ma d'Santé wier de Kinéen awer och entgéint komm, fir d'Verloschter méiglechst kleng ze halen.
De Patrick Obertin: "D'Santé ass eis do entgéint komm. Den 3. Abrëll do hate mir een CDD stoen, wou mir emol op d'mannst woussten, wat mir finanziell un Ënnerstëtzung kéinten erwaarden. An dann d'Material ass och ganz schnell nokomm. Do hate mir e puer Mol nogehaakt bei der Santé, mä ech mengen dat war awer och kee schlechte Wëlle vun hinnen. Si waren och an der Penurie vun de Masken, mä soubal do de Stock e bësse besser war, konnte mir eis direkt zerwéiere goen."
Nieft der Aarbecht mussen och d'Waardesäll amenagéiert ginn, fir dass d'Patiente wäit auserneen kënne sëtzen.
Visitten an den Alters- a Fleegeheemer si fir extern Kinéen awer nach ëmmer net méiglech. Op dësem Punkt gëtt et zanter dem 18. Mäerz kee Changement.
