
“Mäin Dram ass geplatzt, ech wäert mir ni en eegent Heem leeschte kënnen”, “ech si ruinéiert a weess net, wéi et weidergeet": Zwou Aussoen no onsem Opruff, sech ze melle bei Problemer beim Bau, Kaf oder Locatioun, de Feedback war immens verzweiwelt, Temoignagë keng Eenzelfäll.
D’Logementskris spëtzt sech zou, zitt ëmmer méi wäit Kreesser, trëfft Bierger an d’Ekonomie, et gëtt net nëmmen net genuch, et gëtt bal guer net méi gebaut an d’Vertrauen ass grad sou kleng.
Wat sinn d’Ursaachen, wat Léisungen, wourop muss een oppassen, fir dass e Bauprojet kee Cauchemar gëtt?
D‘Logementskris ass Joerzéngten al a se bleift de wuel gréisste Chantier iwwerhaapt zu Lëtzebuerg. Leit déi sech näischt leeschte kënnen, Prozeduren a Reglementer, déi net méi ze iwwerblécke sinn, eng Justiz déi net nokënnt an e Bausecteur an deem et generell net méi dréint.
An der RTL-Emissioun Kloertext goung et ëm de Logement, mat Temoignage vu Leit a mat Experten am Studio.
Op Basis vun engem RTL-Opruff ware virun der Sendung ganz vill Temoignagen erakomm vu Concernéierten, déi net méi weider wëssen, sief et well se sech kee Logement kënne leeschten oder well se nom Kaf vun enger Wunneng “sur plan” am Stach gelooss goufen, zum Beispill well de Promoteur wärend der Bauphas faillite gaangen ass.
Et mécht ee rosen, wann engem seng Zukunftspläng op d‘Kopp gehäit ginn, seet de Pit Frank am RTL-Interview. D‘Sarah Roth ass schockéiert, wéi laang e Geriichtsprozess géint e Promoteur sech kann zéien.
D‘Lynn Gaspar rapportéiert, datt si 4 Joer op hiert Appartement hätt misste waarden an dunn e Logement kritt hätt, dee qualitativ net korrekt ass.
Bei enger Locatioun gëtt immens vill vun de potentielle Kandidate gefuerdert, sot eis de Jonathan Pauly. Fir eng eenzeg Wunneng géinge sech dacks ganz vill Leit mellen a mat engem CDD bräicht een do guer net ze kommen.
Véier Invitéeë hunn am Studio op dës Temoignage reagéiert. D’Regierung muss endlech den État de crise deklaréieren, sot de Gilles Hempel, Direkter vun der Fondatioun „Accès au Logement.“ D‘Land wier amgaangen d‘Baach erof ze goen an déi Äermst wieren am schlëmmste betraff.
Ee grousse Problem wier, datt et net genuch abordabele Logement gëtt, sou de Gilles Hempel, deen och strikt Mesure fuerdert, wa Logementer eidel stoe gelooss ginn. Eminent wichteg wier och eng Reform vu der Garantie d‘achèvement, fir datt de Client net am Reen stoe gelooss gëtt, wa säi Logement zum Beispill net fäerdeg gebaut gëtt.
Bei der Garantie d‘achèvement wier et e Problem, datt d‘Leit sech dacks net gutt genuch informéieren, wa se eppes ënnerschreiwen. Dat seet de Mario di Stefano, Affekot am Immobiliërecht. Datt et op de Geriichter immens laang dauert an datt Prozesser d‘Leit immens deier kaschten, dat wier leider eng Realitéit. Dat géing virun allem un engem Manktem u Personal leien.
Leider wier et zu Lëtzebuerg och esou, datt deen, deen de Prozess wënnt, um Enn op senge Geriichtsfraise sëtze bleift.
Zu Lëtzebuerg géif einfach net genuch gebaut ginn, dat wier en absolutte Witz, seet de Joël Schons, Entrepreneur a President vun der europäescher Bauindustrie. Schold dorunner wiere virun allem Reglementatiounen.
Bei de Baugeneemegunge géing et vill ze lues goen, notamment well mer a punkto Digitaliséierung total hannendra wieren hei am Land. De Staat séiz iwwregens op 2 Millioune Meter Carré Terrain, op deene Muer kéinten 10.000 Wunnengen gebaut ginn, ma och déi ëffentlech Bauträger kéimen net virun.
Mir géingen och einfach ze grouss bauen, sou nach de Joël Schons, well dat deelweis sou virgeschriwwen ass.
D‘Reglementatioune wieren aus gudden Intentiounen eraus entstanen, mä se hätte sech verselbststännegt an de gesonde Mënscheverstand wier verluer gaangen, dat sot d‘Diane Heirend, Architektin an Urbanistin. Dat wier immens frustrant an do misst een eraus kommen.
Et bräicht ee keng Juriste fir gutt Architektur ze maachen. Et wier gutt, wann hire Beruffsstand nees méi Fräiraum kréich.
Diane Heirend
Architektin an Urbanistin

Gilles Hempel
Direkter Fondatioun Accès au Logement
Coordinateur FEDAS-Plattform Logement

Joël Schons
President FIEC Housing WG
Federatioun vun der europäescher Bauindustrie
Entrepreneur

Mario Di Stefano
Affekot, spezialiséiert op Immobilierecht
