
D'Testflicht fir Schüler um Enn vun enger Quarantän, déi no der Fuesvakanz agefouert gi war, ass kee graven Aschnëtt. Zur där Konklusioun ass dës Woch d'Verwaltungsgeriicht an engem Urteel an enger Référésprozedur komm.
32 Eltere wollten am Numm vun hire Kanner géint déi nei Testflicht juristesch virgoen. Tester, deenen hiert Resultat vum Titulaire vun der Klass oder dem Schouldirekter kontrolléiert gëtt. Dat wier illegal, e Verstouss géint de Secret médical an disproportionéiert, esou d'Elteren
Ma hir Demande gouf awer ofgewisen. D'Riichter waren der Meenung, datt den Test an deem Sënn net obligatoresch ass, well e just eng Méiglechkeet bitt, fir d'Quarantän ze verkierzen. Wann e Schüler oder seng Elteren en PCR-Test um Enn vun der Quarantän refuséieren, gëtt d'Quarantän ëm 7 Deeg verlängert an Enseignement à distance offréiert.
D'Geriicht verweist och op d'Finalitéit vum groussherzogleche Reglement, an zwar datt et drëms geet, fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vun der Schoulcommunautéit ze garantéieren. Deemno kéint ee bei sou enger Mesure net vun engem schlëmmen an definitiv Schued schwätzen.