
Um Sonndeg den Owend gouf et eng Partie Accidenter op eise Stroossen.
Um 20.30 Auer ass ee Motocyclist tëscht Näerzeng a Butschebuerg gefall a gouf blesséiert.
Kuerz drop gouf et ee méi uergt Accident tëscht Tënten an Huelmes: Ee Motocyclist krut ee Rei ze paken a gouf verwonnt. Ënnert anerem huet de Rettungshelikopter mussen an den Asaz.
Géint 22:30 huet zu Groussbus an der Mierscher Strooss eng Poubelle gebrannt.
Géint 23.30 Auer koumen zwee Autoen zu Schwéidsbeng net laanscht eneen: Hei gouf eng Persoun blesséiert.