
E Sonndeg géint 17.30 Auer sinn tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Wanseler a Wolz, grad ewéi eng Ambulanz vu Wolz.
E Méindeg de Moie géint 8.15 Auer huet et op der Rouder Bréck gerabbelt. Hei mellt de CGDIS net manner wéi 3 Blesséierter.