Retour vun den TalibanTemoignage vu jonken Afghanen, déi zu Lëtzebuerg wunnen

Jeannot Ries
"Dat, wat den Ament an onser Heemecht geschitt, gehäit den Afghanistan ëm 100 Joer zeréck."
Temoignage vu jonken Afghanen
Et ass d'Reaktioun vun zwee jonken afghanesche Refugiéen.

Sou d'Reaktioun vun zwee jonken afghanesche Refugiéen.

Bis elo haten den Aryan Aryahee an d'Safia Hashemi d'Hoffnung, eng Kéier kënnen zeréckzegoen, an dat Land, an deem si gebuer sinn. Eng Hoffnung, déi mat dem Retour vun den Taliban bannent just e puer Deeg verflunn ass.

"Ech sinn traureg, wann ech gesinn, wat den Ament am Afghanistan, wat zu Kabul geschitt", sou den Aryan. De geléierten Informatiker huet seng Heemecht virun 10 Joer verlooss. Säi Papp, Generol an der afghanescher Arméi, huet deen Ament zesumme mat den Amerikaner afghanesch Zaldoten ausgebilt. Säin 16 Joer jonke Fils huet de Papp deemools schonn an de Weste geschéckt, well en Angscht ëm d'Sécherheet vu senger Famill hat. Den Aryan hat sech et erwaart, datt säi Land nom Depart vun den Amerikaner an Turbulenze gerode géif. Datt d'Taliban et awer esou einfach géife kréien, hat hien net geduecht.

"Mir hu scho gemengt, datt d'Taliban warscheinlech enges Daags zeréck un d'Muecht kéimen. Awer net sou séier. Net eng, zwou Wochen nom Depart vun den Amerikaner, mä an engem bis zwee Joer", sou d'Reaktioun vum 26 Joer alen Ayran.

Ursaache bräicht een net wäit sichen ze goen, sou den Aryan. Engersäits wier d'Korruptioun op allen Niveaue vum Staat omnipresent. An dann hätt och d'Angscht virun den Taliban eng grouss psychologesch Roll gespillt, datt Arméi a Police d'Waffe sou séier néiergeluecht hunn.

"Virun 2002 hu se Frae geschloen, hinnen de Kapp, d'Féiss ofgeschnidden. Alles, wat ee mat engem Mënsch net mécht, hu se gemaach", sou den Ayran.

D'Angscht virun den Taliban: E groussen Deel vun der afghanescher Populatioun wier den Ament wéi geläämt. Dofir si vill Geschäfter zou. Dofir si praktesch keng Frae méi an de Stroossen ze gesinn. Zesumme mat senger Fra Safia kuckt den Aryan d'afghanesch Televisioun. Wou d'Taliban-Propaganda scho leeft. Romanze mat Fraen, déi d'Burka droen.

"Meng Famill lieft nach am Afghanistan. Meng Elteren, meng Schwësteren, meng Bridder. Si sinn ganz gestresst. Si hunn Angscht. Meng Eltere schaffe fir d'Regierung. Si hunn elo Angscht virun der Reaktioun vun den Taliban", sou d'Safira.

Datt d'Taliban elo de Beamten eng generell Amnestie ubidden, verwonnert alle béid net. D'Basis vun den Taliban-Kämpfer wieren einfach Leit vum Land. Hir Educatioun géif sech dacks op d'Léier vum Koran beschränken. De Grond, firwat d'Taliban den Ament op d'Beamten ugewise sinn. Méi laangfristeg hunn allebéid kee Vertrauen an ee vun den Taliban gefouert islamescht Emirat Afghanistan.

"Déi 20 Joer, wou d'Europäer, d'Amerikaner a mengem Land waren, fir et weiderzebréngen, wann d'Taliban bleiwen, da waren all déi Efforten ëmsoss. Verluere Joren", sou d'Safira.

D'Europäer, d'Amerikaner hätten déi lescht 20 Joer ee grousse Feeler gemaach: Sie hätten déi geopolitesch Situatioun, d'ethnesch Vergaangenheet, d'wirtschaftlech Intressen an der Regioun total ënnerschat.

"Wéi d'Amerikaner an d'Europäer eng nei Regierung en place gesat hunn, wollten d'Iraner, d'Pakistani, d'Chinesen an d'Russen dat net, well d'Nato alles ënner Kontroll hat", sou den Aryan.

20 Joer fir d'Kaz. Fir d'Rad vun der Zäit nach emol zeréckzedréien, dofir ass et elo ze spéit, sou d'Konklusioun vun där 28 Joer aler Safira.

Back to Top
CIM LOGO