Den Dag besser andeelenTélétravail – wann de Büro doheem ass

RTL Lëtzebuerg
Moies a Rou opstoen, sech an den Auto setzen an entspaant op der Aarbecht ukommen. Fir vill Leit eng reng Wonschvirstellung.
Télétravail – wann de Büro doheem ass
Moies a Rou opstoen, sech an den Auto setzen an entspaant op der Aarbecht ukommen. Fir vill Leit eng reng Wonschvirstellung.

Dacks ass ee scho genervt, éiert een iwwerhaapt e Fouss an de Büro gesat huet. Leit, déi vun doheem aus schaffen, spuere sech dee Stress. Mam sougenannten Télétravail ass ee méi flexibel, méi effikass, méi zefridden? Mä wéi gesäit et an der Praxis aus? Wéi eng Hürde ginn et? D’Vidosava Kuzmic huet mat zwee "Télétravailleuren" iwwer d’Vir- an d’Nodeeler vum "Büro Doheem" geschwat.

Moies fréi zu Bouneweg. Wärend aner Leit schonn ënnerwee op d’Aarbecht sinn, kann de Julien Havet sech Zäit fir seng Duechter huelen. All Moie mécht hien dat klengt Elodie prett fir d’Spillschoul, de Julien schafft nämlech deelweis vun doheem aus a ka seng Zäit flexibel andeelen. Zanter dräi Joer mécht hie Gebrauch vum "Home Office", als Deel vun engem Pilotprojet.

"Doheem ass et net grad esou wéi um Büro. Et ass effektiv esou, dass ee schafft, awer och Pause mécht, ob dat elo eng Kaffispaus ass oder eng Telefonspaus. Vläicht kritt een och e Pak geliwwert. Je nodeem geet een och kuerz eraus eng Kommissioun maachen oder bei den Dokter. Et ass ee méi flexibel."

Vue dass de Julien gréisstendeels digital schafft, kéint hie sou gutt wéi alles vun doheem aus maachen. Hien huet déi nämmlecht geséchert Accèse wéi um Büro an ass ëmmer a Kontakt mat sengen Aarbechtskolleegen, sief et iwwer E-Mail, Telefon oder Skype. Physesch net present ze sinn um Büro, wier awer eng Situatioun, un déi ee sech gewinne misst.

"An deenen éischte Méint hat ech d'Tendenz méi ze schaffen, och méi ze kommunizéiere mam Büro, well ech weise wollt: hei dir gesitt, ech schaffen. An dat leet sech, dat pendelt sech a mat der Zäit. [...] Et muss een dat ëmmer bëssi am Hannerkapp hunn, dass een iergendwann ophält an d’Familljeliewen erëm an de Virdergrond setzt."

Ma net just de Julien muss sech anescht organiséieren, mä och seng Ekipp. Vue dass nieft him och aner Team-Membere vum Télétravail profitéieren, gëtt all Méindeg zesumme gekuckt, wie wourunner schafft a wéi eng Objektiver sollen erfëllt ginn.

D’Zil wier ee méi resultatorientéiert Schaffen, esou d’Nadine Hoffmann vum Ministère vun der Fonction Publique. Si huet de Pilot-Projet entwéckelt, mat deem den Télétravail beim Staat, deen u sech zanter 2003 scho virgesinn ass, soll ausgebaut ginn. Den Ausgangspunkt ass ee Reglement vun 2012, dat awer esou streng ass, dass déi mannst op den Télétravail zréckgegraff hunn.

Dass et och ouni restriktiv Konditioune geet, wëll ee mam Pilot-Projet weisen. Soulaang d’Fonktioun et erlaabt, also d’Aarbecht digital ze maachen ass, a soulaang d’Vertrauen do ass, kéint jidderee matmaachen. Aktuell ginn et 210 Participanten aus 22 Verwaltungen. De Bilan fält positiv aus: souwuel déi concernéiert Beamte wéi och hir Superieuren an Aarbechtskolleege sinn zefridden. D’Leit wiere méi motivéiert a performant.

Negativ Erfarunge goufen et nach keng. Ma fir dass de Service assuréiert bleift an den Ekippegeescht net verluer geet, misst virun allem de Manager Efforte maachen.

"De Manager muss oppassen, dass d’Kommunikatioun ganz gutt ass, dass och déi Leit, déi am Télétravail sinn, net ausgeschloss ginn. An e muss wahrscheinlech säi Management-Stil adaptéieren. Dat heescht aus engem System vun engem “Command and Control” op ee méi confiance-baséierte Management goen."

No dësem Prinzip schafft och d’Christel Lieffring, wann och net vun doheem aus. Ee bis zwee Deeg an der Woch schafft si zu Uewerpallen an engem sougenannte Grenz-Büro vun enger Audit-Firma, déi hire Sëtz op der Cloche d’Or huet. An dat lount sech, wann ee wéi si vun Arel kënnt.

"J’ai quatre kilomètres en termes de distance. Donc c’est très court, ce n’est même pas cinq minutes pour venir le matin. Zéro stress, pas d’embouteillages, vraiment tout un confort pour arriver au travail."

Am Verglach: bis zu annerhallef Stonn brauch si heiansdo fir am Haaptgebai Crystal Parc unzekommen. Ee Grond, firwat si sech viru 4 Méint fir dëse Grenz-Büro entscheet huet. Well vun doheem aus schaffen, ass fir vill Frontaliere keng richteg Optioun. Op 24 Deeg Télétravail am Joer hu belsch Frontaliere Recht. Doriwwer eraus géing een duebel besteiert ginn, eemol zu Lëtzebuerg an nach eemol an der Belsch. Dat selwecht gëllt fir franséisch an däitsch Frontalieren, wou d’Limite bei 29, respektiv 19 Deeg leit.

Fir déi "Big Four"-Entreprisë sinn d’Grenz-Büroen ee gudde Kompromëss. Ëmmerhi si vun hire ronn 2.900 Leit ganzer 55% Frontalier. D’Zil vun de Grenz-Büroe wier, virun allem de Mobilitéitsproblemer aus dem Wee ze goen, ma och ee Stéck Liewensqualitéit ze gewannen, sou den Dominique Laurent, Managing Director bei PwC.

"L’idée pour nous était vraiment de trouver une solution qui soit à apporter le bureau auprès des employés, là où il sera le plus accessible, mais du côté luxembourgeois pour pourvoir ne plus tenir compte de toutes ces contraintes fiscales et sociales."

Mam Thema Télétravail setzt ee sech och bei de Lëtzebuerger Gewerkschaften auserneen. Virun allem Frontalieren hätte grouss Nodeeler: engersäits duerch déi bilateral Steier-Accorden, anerersäits duerch d’Sécurité Sociale. Schafft zum Beispill ee franséische Frontalier méi wéi 25% vun der gesamter Aarbechtszäit am Joer op franséischem Territoire, fält en ënnert déi franséisch Sécurité Sociale. Hei fuerdert een eng Vereenheetlechung tëscht den dräi Länner Däitschland, Frankräich a Belsch, mat minimal 29 Deeg Télétravail am Joer. Am Idealfall hätt ee gär déi nämmlecht Reegelung bei de Steiere wéi bei der Sécurité Sociale, also 25% vun der Joresaarbechtszäit, esou de Frédéric Krier vum OGBL. Weider seet hien:

"Den Télétravail ass awer keen Allheelmëttel. Et muss ee kucken, dass et iergendwou Grenze gëtt. Et kann net esou sinn, dass mer op eemol an enger Situatioun wieren, wou d’Leit just nach vun doheem aus schaffen. Wou mer da Problemer hunn, déi mer och elo schonn hunn, onofhängeg vum Télétravail, dass d’Grenzen tëscht Aarbechtszäit a Privatliewen ëmmer méi verschwammen an d’Leit permanent erreechbar sinn. A sou enger Situatioun muss dat kloer encadréiert sinn."

Zréck bei de Julien Havet. Hien ass och der Meenung, dass ze vill Télétravail kontraproduktiv wier, well ee soss de Kontakt zu sengen Aarbechtskolleege kéint verléieren. Ma esou wéi hie sech aktuell organiséiert, wier den Home Office eng richteg Plus-value fir hien a fir seng Kanner, déi sech freeën, hire Papp méi dacks ze gesinn.

De Pilot-Projet am Télétravail ass just eng vun de Mesuren, fir d’Mobilitéit ze reduzéieren a virun allem en Equiliber tëscht Beruffs- a Privatliewen eranzebréngen. Eng Mesure, déi am Julien sengem Fall effikass ass.

"De Work-Life-Balance ass a mengem Fall eppes, wat fir mech wichteg ginn ass. Wou ech selwer gemierkt hunn, dass ech manner Stress hunn, dass ech och op alle Fall méi roueg duerch den Dag kommen, wann ech mäin Dag esou andeelen, wéi et am beschte ka fonctionnéieren."

An den nächste Méint gëtt de Pilot-Projet ofgeschloss, Conclusioune gi gezunn a Recommandatioune geschriwwen, mam Zil, den Télétravail ze moderniséieren. A vläicht fënnt dann de Büro doheem a méi Verwaltunge seng Plaz.

Back to Top
CIM LOGO