
Wéi gutt si mer bei engem nuklearen Accident geschützt? Wéi géif eng Evakuatioun oflafen? De gréngen Deputéierte François Benoy wollt, 35 Joer no der Katastroph zu Tschernobyl, de Moien an der Chamber Detailer doriwwer vun der Regierung.
D’Inneministesch Taina Bofferding huet op de "Plan Cattenom" verwisen. Deen ass vun 2014 a gouf virun zwee Joer nach emol am Regierungsrot ugeholl.
All Stot krut jo Jod-Pëllen. Déi sinn nach ëmmer gutt an déi soll ee bei engem Accident huelen, fir d’Schilddrüs mat Jod ze siedegen. De Jod muss awer de richtege Moment geholl ginn. De Fall gesat, géif d’Regierung de prezisen Uerder ginn. Och a Schoulen zum Beispill si Jod-Pëlle stockéiert.
Soss gëllt bei engem nuklearen Accident, dat, wat mer zanter enger Zäit gutt kennen.
Bleift doheem! Grad zu deene Stonnen, wou eng radioaktiv Wollek iwwert Deeler vum Land zitt. Bannen am Haus kënne sech keng radioaktiv Partikelen direkt op d'Haut setzen a bei enger zouener Belëftung otemt een och keng Radioaktivitéit an. Bëtongsmauere schiermen een Deel vun der Stralung of. Et kann een also soen, datt een am Haus fënnef Mol manner exposéiert ass, wéi wann ee sech géif am Fräien ophalen.
Eng Evakuatioun gëtt bei engem ganz schwéieren Accident gemaach, wa radioaktiv Wäerter riskéieren, ganz héich ze sinn. Awer net wärend enger radioaktiver Fräisetzung.
An enger 1. Phas géif en Ëmkrees vu 15 Kilometer evakuéiert ginn, sou d’Inneministesch.