#YeswecareSymbolesch Gedenkminutt am Gesondheetssecteur

Serge Pauly
En Donneschdeg de Mëtteg um 12 Auer gouf a Spideeler an an de Santésinstitutioune queesch duerch d'Land eng Gedenkminutt ofgehalen.
Symbolesch Gedenkminutt am Gesondheetssecteur
En Donneschdeg de Mëtteg um 12 Auer gouf a Spideeler an an de Santésinstitutioune queesch duerch d'Land eng Gedenkminutt ofgehalen.

D'Initiativ "Yes we care" wëll op d'Situatioun vum Gesondheetspersonal opmierksam maachen. Dës Pandemie huet grouss Konsequenzen, net just op d'Beruffsliewen vum Santéspersonal, ma och am Private weisen sech d'Effete vun annerhallwem Joer Drock. Et wier eng Belaaschtung.

De Metty Cungs schwätzt vun enger enormer Belaaschtung
Et wier scho net genuch Personal do. No bal zwee Joer Pandemie wier e psychesch a physesch um Enn.

Et wollt ee roueg manifestéieren. Dofir gouf sech fir eng Gedenkminutt entscheet. D'Plakater, déi d'Gesondheetspersonal dobäi an d'Luucht gehalen huet, solle fir sech schwätzen.

Mat #impfewierkt wollt d'Personal vum Spidol um Kierchbierg dorop opmierksam, dass grad déi net-geimpfte Covid-Patiente méi heefeg op der Intensivstatioun landen. Den Ament wieren um Kierchbierg zwar manner Intensivbetter vu Covid-Patiente besat. Déi Covid-Patienten, déi hospitaliséiert sinn, wieren awer dacks méi schwiereg, wéi déi vun deene leschten annerhallef Joer, sou den Dr. Jean-Marc Cloos.

Et leien ëmmer méi Jonker op der Intensivstatioun
Dat sinn déi schwiereg Patienten, well et dachs déi sinn, déi de Virus an d'Impfung komplett hannerfroen.

Ënnert dem Hashtag "yeswecare" gouf och an der Zithaklinik um Rousegäertche fir eng Minutt d'Aarbecht leie gelooss. Den Infirmier Anästhesiste Armand Klamm, erkläert, dass et grad elo wichteg ass, fir sech ze manifestéieren. Et hätt een an de leschte Woche gemierkt, dass eng Beweegung opkënnt vu Leit, déi mengen, de Vaccin géing net wierken oder de Virus géing et iwwerhaapt net ginn. "Di ginn et déi tollsten Verschwörungstheorien".

25/11/2021 CUT Gedenkminutt Armand Klamm 18h30

All zweeten Donneschdeg soll elo mat enger Gedenkminutt op déi aktuell Situatioun an de Spideeler opmierksam gemaach ginn. Net just d'Spideeler hunn en Donneschdeg de Mëtteg matgemaach, ma och de CGDIS steet hannert dëser Aktioun, sou nach den Dr. Marc Klopp, deen dës Initiativ lancéiert huet.

Communiqué

Back to Top
CIM LOGO