Tëscht Inneministère a BistumSyfel stellt legal Basis vu Konventioun ëm Kierchefabricke weider a Fro

RTL Lëtzebuerg
De Syndikat vun de Kierchefabricke liest d'Urteel anescht, wéi et de Weibëschof Leo Wagener gemaach huet.

Am Sträit tëscht dem Bistum an dem Syndikat vun de Kierchefabricken mellt sech e Freideg eben dee Syfel via Communiqué zu Wuert, zum Urteel vum Verfassungsgeriicht vu leschtem Freideg.

Entgéint den Aussoe vum Weibëschof Leo Wagener, dee sech op RTL-Nofro zefridde mam Urteel gewisen hat, well een op der ganzer Linn Recht kritt hätt, dass de Kierchefong an all d'Prozedure ronderëm dës Institutioun der Verfassung géifen entspriechen, liest de Syfel dat Urteel nämlech anescht.

Déi legal Basis vun der Konventioun gëtt weiderhin a Fro gestallt, well d’Cour constitutionelle ebe genee zu deem Punkt hir eegen Inkompetenz confirméiert hätt, an zeréck op d’Friddensgeriicht verwisen huet.

Dofir misst ofgewaart ginn, wéi de liéierte Prozess tëscht der Kierchefabrick vun Hollerech an dem Kierchefong weidergeet, a virun allem och d'Appellsprozedur, wou 119 Kierchefabricken eben d’Legalitéit vun der Konventioun tëscht dem Inneministère an dem Bistum vun 2015 a Fro stellen.

PDF: De Communiqué iwwert d'Situatioun zu Hollerech

Back to Top
CIM LOGO