Initiativ op FacebookStudenten hëllefe Primaner, sech op d'Exame virzebereeden

RTL Lëtzebuerg
Eng ronn 50.000 Schüler sinn den Ament an engem vun de Lycéeën hei am Land ageschriwwen.
Studenten hëllefe Primaner, sech op d'Exame virzebereeden
Eng ronn 50.000 Schüler sinn den Ament an engem vun de Lycéeën hei am Land ageschriwwen.

A fir eng ganz Rëtsch ënnert hinne gëllt et, dëst Joer d’Première ze maachen. Wéi genee d’Exame wäerten ausgesinn, wéi se ofgehale ginn a wéini virun allem, steet den Ament nach an de Stären. Ma fir sech awer beschtméiglech dorobber virbereeden ze kënnen, huet sech e Grupp Studenten zesummegedoen, fir de Primaner Nohëllef ze ginn. An dat natierlech virtuell.

De Ben Weber huet dës Initiativ an d’Liewe geruff. Hien ass Masterstudent um Imperial College zu London an ass den Ament fir seng Semester-Vakanz zu Lëtzebuerg. Well och hien net weess, wéi et fir hien elo a sengem Studium weidergeet, wollt hie sech wärend der Corona-Epidemie engagéieren an huet e Facebook-Grupp gegrënnt, wou Studente gratis Nohëllef fir Premièresschüler ubidden. Iwwer 600 Studenten hu sech scho gemellt an den Ament ginn eng ronn 30 Primaner vun hinne betreit.

Wie gäre matmaache wëll oder selwer Hëllef brauch, hei de Link fir hir Facebook-Säit.

Back to Top
CIM LOGO