Cour d'appelStrof géint jonke Mann wéinst versichtem Doudschlag zréckgezunn

RTL Lëtzebuerg
Fir e jonke Mann, dee wéinst engem versichten Doudschlag am August 2014 zu Esch de Prozess gemaach kritt hat, huet sech de Wee op d'Cour d'appel gelount.
© AFP

Do gouf him nämlech e Mëttwoch am Nomëtte seng Strof aus 1. Instanz - zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 1.000 Euro - nogelooss.

Him a sengem Brudder war virgehäit ginn, virun eppes méi wéi 5 Joer probéiert ze hunn, e gudde Bekannte vu Police a Justiz ëmzebréngen. Si waren nuets bei engem Café uneneegeroden, ier d'Affer mat engem Buschmesser ugegraff gi war.

De Brudder war dowéinst zu 10 Joer Prisong, 8 dovu mat Sursis, condamnéiert ginn. Dee Mann hat keen Appell gemaach.

Back to Top
CIM LOGO