Gaardenhaischen-AffärStopCorrupt fuerdert Kontrolle vun all Acteur am ëffentleche Liewen

RTL Lëtzebuerg
An der Suite vun der Gaardenhaischen-Affär fuerdert StopCorrupt d’Regierung op en Deontologieskodex fir d'Acteure vum ëffentleche Liewen opzestellen.

Och d'Kompetenze vum Ethik-Komitee misst erweidert ginn. Dee misst fir all Politiker an all Fonctionnairen op nationalen a kommunalem Niveau gëllen.

D’Organisatioun, déi sech fir méi Transparenz asetzt, schwätzt vun der Accumulatioun vun Dossiere vu Persounen, déi am ëffentlechen Interessi missten handelen. Dat léich dorun, datt et op där enger Säit keng kloer Regulatioun géif ginn an op där anerer Säit keng onofhängeg Autoritéit.

StopCorrupt regrettéiert, datt den Ethik-Komitee nëmmen d’Regierungsmembere kontrolléiert, an och nëmmen op Opfuerderung vum Premierminister. Fir de Recht géifen Deontologiereegelen op Auto-Regulatioun baséieren, an dat géif net duergoen.

PDF: Schreiwes vu StopCurrupt

Back to Top
CIM LOGO