
Kontrolléiert gouf tëscht 21:30 an 02:15 Auer, dat op der Kräizung vun der N15 mat der N12 zu Bidscht, op der Kräizung vun der Rue Principale an der Rue de Bastogne zu Gréiwels an op der Route de Bastogne zu Nidderfeelen.
Alles an allem hunn 377 Automobiliste mussen en Otemtest maachen. A 15 Fäll ass dëse positiv ausgefall. An zwee Fäll gouf de Fürerschäin op der Plaz agezunn.
Bei der Kontroll sinn awer och nach 17 Infraktioune géint de Code de la route festgestallt ginn.