Dag um BauerenhaffFirwat wëllen déi Jonk net méi de Betrib vun den Elteren iwwerhuelen?

Jeannot Ries
Mat am Mëttelpunkt vun der 40. Editioun, déi vum Service Jeunesse vun der Bauerenzentral organiséiert gëtt, stoung d’Zukunft vum Beruff Bauer.
Dag um Bauerenhaff
Firwat wëllen déi Jonk net méi de Betrib vun den Elteren iwwerhuelen?

Et sinn Zäiten, wou vill Konsumente keen direkte Lien méi zum Liewensmëttelproduzent hunn a wou et effektiv ëmmer manner Bauerebetriber zu Lëtzebuerg gëtt.

Passt de Beruff vum Bauer nach an ons Zäit? D’Äntwert vum Gilles Eyschen, deen zesumme mat sengem Brudder Steve op hire modernen Haff op RéIden invitéiert huet, ass kloer Jo! Soulaang d’Famill matspillt.

Hiren Haff ass en typesche Familljebetrib, wei der sou vill am Land. Ugangs den 2000 hunn de Gilles an de Steve de Betrib vun den Elteren iwwerholl.

’Mir waren am Ufank Matzen am Duerf installéiert. Do hat de Betrib absolut keng Zukunft méi, et war einfach keng Plaz do. Dunn hu mer 2012 ugefaangen, hei uewen eise Site Step by Step opzebauen. Deemools hu mer mat 25 Mëllechkéi ugefaangen, well et eeben déi Mëllechquote gi sinn. A mir woussten awer, datt déi Mëllechquote géife wech falen. Dunn hu mer eis reng op d'Mëllech spezialiséiert. Sou datt mer bis elo160 Mëllechkéi op eisem Site hunn. ‘’ sou de Steve Eyschen.

De Steve Eyschen vergläicht de Beruff vum Bauer mam Handwierk

‘’Et ass natierlech net einfach, och ëmmer Personal ze fannen an eise Betriber, déi dat och wëlle mat liewen. Do hu mir eng staark Konkurrenz vum Staat a vun de Gemengen. Well einfach vill Leit just nach wëlle vu méindes aacht bis freides véier Auer schaffen. ‘’

4.000 Bauerebetriber 1990, der just nach 850 am Joer 2050?

D'Automatiséierung, Roboter, hunn d'Aarbecht op de modernen Häff méi einfach gemaach. Ma do muss de Betribs-Modell stëmmen, fir kënnen z'investéieren. Doriwwer eraus, bleift de Beruff vum Bauer eng Passioun. Mat direkt der Fro: ob dee Beruff nach an ons Zäit passt. Stéchwuert: Work Life Balance.

De Sam Mille, President vum Service Jeunesse vun der Bauerenzentral werft eng Fro an de Raum: ‘’ Et muss ee fir d'éischt emol froen, firwat wëllen déi Jonk dann net méi de Betrib vun hiren Elteren iwwerhuelen? Ech mengen, dat meescht ass, si gesi wéi hir Elteren doheem schaffen. Si gesi wéi vill, datt se schaffen. An da sinn et eebe ganz vill, déi soen, da ginn ech schaffen, ech schaffe meng 40 Stonnen an der Woch an ech maachen Owes d'Dier zou. ‘’

D'Aarbecht muss sech lounen, sou heescht et generell an onser Gesellschaft. Beim Bauer geet oft de Loun vun der Aarbecht direkt zréck an de Betrib.

‘’Dat ganzt Kapital wat de Bauer huet, ass hei op deem Site. Dat heescht, et gesäit een alles beieneen. An dat ass jo och, wéi mer beim Gilles héieren hunn, dat ass net innerhalb vun engem Joer opgeriicht ginn an dat ass och net innerhalb vun enger Generatioun opgeriicht ginn. Dat sinn eis Elteren, dat sinn eis Grousseltere, déi schonn dorunner geschafft hunn, fir dass haut dat hei steet, wat elo steet. Dat gesäit elo vläicht no vill aus. Mee do gëtt scho 75 Joer laang dru geschafft. ‘’

Ënnerstëtzung vun der Politik

Den Aarbechtsminister Marc Spautz gëtt ze bedenken, dat iwwer déi ronn 4.500 direkt Aarbechtsplazen, nach vill weiderer un der Landwirtschaft hänken. Iwwerdeems d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen un eent Erënnert huet: Eng modern Landwirtschaft produzéiert am Aklang mat der Natur, regional Produkter, wou mer wëssen, wat op den Teller kënnt. Wie lokal ësst an drénkt, géif d’Landwirtschaft ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO