
Op der Plaz huet d'Police d'Fra ugetraff. Si hat offensichtlech ze déif an d'Glas gekuckt a gouf doropshi gebieden, d'Plaz ze verloossen. An engem éischten Ament huet et ausgesinn, wéi wa si dat och géif maachen. Ma kuerz Zäit drop gouf et fir d'Beamten een Déjà-vu. D'Fra war zeréck a wollt bemol net méi op d'Poliziste lauschteren. Dowéinst, a well si staark alkoholiséiert war, koum si an den Arrest.
Et war net deen eenzege Fall vu Randal deen Owend. Och an engem Stater Spidol gouf et onangeneem, wéi ee Mann an der Urgence aggressiv gouf. Och hei koum d'Police op d'Plaz an de Mann gouf no enger Ënnersichung vun engem Dokter mat an den Arrest geholl.