Marius Borg HøibyJong vun norwegescher Krounprinzessin Mette-Marit wéinst Viol zu véier Joer Prisong verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
Ee Geriicht zu Oslo huet de Jong vun der norwegescher Krounprinzessin Mette-Marit e Méindeg wéinst zwee Fäll vu Vergewaltegung verurteelt.
Den Marius Borg Høiby am Joer 2022 nieft senger Mamm, der Krounprinzessin Mette-Marit.
Den Marius Borg Høiby am Joer 2022 nieft senger Mamm, der Krounprinzessin Mette-Marit.
© LISE ASERUD/AFP

De Jong vun der Krounprinzessin krut eng Prisongsstrof vu véier Joer. Ee Geriicht zu Oslo huet hien an zwee vu véier Fäll wéinst Vergewaltegung schëlleg geschwat. D'Prisongsstrof krut hien ausserdeem nach wéinst Gewalt géint eng vu sengen Ex-Frëndinnen, ausserdeem och wéinst Menacen a wéinst Verstéiss am Stroosseverkéier.

Dem 29 Joer ale Marius Borg Høiby waren am Februar a Mäerz viru Geriicht am ganze 40 Punkte virgeworf ginn, fir déi hien eng Prisongsstrof vu maximal 16 Joer hätt kënne kréien. An der Uklo war vu véier Vergewaltegunge vu Fraen ze liesen, déi wärend der Dot entweder geschlof hunn oder vu sech waren. Dem 29 Joer ale Mann gouf ausserdeem virgeworf, eng Rei vu sengen Ex-Frëndinne kierperlech a psychesch mësshandelt ze hunn.

Marius Borg Høiby veruerteelt
De Jong vun norwegescher Krounprinzessin Mette-Marit gouf wéinst Viol zu véier Joer Prisong verurteelt.

De Parquet hat siwe Joer a siwe Méint Prisong fir den Høiby gefuerdert. Säin Affekot huet allerdéngs ee Fräisproch bei deene schwéierste Virwërf gefrot.

D'Urteel trëfft den Høiby a seng Mamm wärend enger schwéierer Zäit. D'Mette-Marit, bei där 2018 eng seele Form vu Longefibros festgestallt gouf, waart aktuell op enger Spender-Long. De Gesondheetszoustand vun der 52 Joer aler Krounprinzessin huet sech an der Lescht däitlech verschlechtert. Dem Høiby säin Affekot war mat der Demande net duerchkomm, säi Mandant virum Urteel aus der Untersuchungshaft ze entloossen.

De Marius Borg Høiby ass der Mette-Marit hire Jong aus enger fréierer Bezéiung, déi si virun hirer Hochzäit mam Krounprënz Haakon am Joer 2001 hat. Hie gehéiert net offiziell zum norwegesche Kinnekshaus.

Back to Top
CIM LOGO